Mir, d’Famill KIRSCH, produze’eren an der 4’ter Generatioun Gemeis hei am Land. Ons Gaetnerei ass zënnter iwer 40 Joer bei der Staat Letzebuerg, wou mir Mettwochs- an Samschdegs-Moies um Knuedler um Wochenmaart sin.
Mir zillen nierft deenen üblechen Gemeisen wei Zellerie, Bounen, Wuerzelen, Kaabes Tomaten asw, iwer 20 Zorten Zalot an nach vill aaner Gemeis-Spezialiteiten. Mir zillen am Freijoer och Gemeis-Jongplanzen.
Net ze vergiessen ass onst Sortiment vun iwer 50 verschidden Kichekraider, dei mir all selwer an onser Gaertnerei zillen an doduerch un d’letzebuerger Klima ugepasst sin.
Mir produzeieren laut den Richtlinien vum Integre’ertem Ubau, d.h. duerch Kulturwiessel, Zweschenfruucht, richteg Zortenwiel fir ons Regioun an d’Schaafen vun optimalen Wuestums-Bedingungen vermeiden mir den Asaatz vun Spretzmettelen. Daat feiert zu engem biologeschen Glaichgewiicht, wei et an der Natur üblech ass. An den Zären setzen mir natiirlech Feinden, wei Heemelsdéiercher an vill aanerer, geint Gedeiesch an d’Krankheeten an.
Bei ons schmaacht nach d’Gemeis no deem waat et ass an geseit net némmen derno aus, wei z.B. ons Tomaten, dei mir nach traditionell am Buedem zillen.
Besicht ons eng Keier um Staater Wochenmaart, Mettwochs- an Samschdegs-Moies um Knuedler (Place Guillaume II). Dir könnt och als Grupp vun 10 bis maximal 20 Leit onsen Betrieb Mettwochs-Mettes vun 16.00 Auer un an nömmen op Rendez-Vous besichen.
Kuckt och ons Löscht mat aktuellem Gemeis hei op onsem Site, den dir fir äer Bestellungen könnt benotzen.